Aweiung First Responder Won + Iwwerreechung Éischt-Hëllef Diplomer (17.01.2015)

Bei der Presentatioun vum Bilan vum Joer 2014, goung ervir, datt d’Pompjeeën Uespelt am Laf vum leschte Joer am ganzen op 147 Asätz geruff gi sinn, dovunner waren 89 technesch Asätz, 20 Brandasätz an 38 „First Responder“-Asätz.

Vum 16. Juni 2014 u funktionéiert och an der Gemeng Fréiseng de „First Responder“-Déngscht deen am Moment vu 14 Fräiwëllege vum Pompjeescorps Uespelt, dorënner och eng Doktesch, assuréiert gëtt. Deemnächst komme weider 12 Fräiwëlleger vum Pompjeescorps Fréiseng dobäi.

Hannergrond vun dëser net onbedéngt pompjeestypescher, zousätzlecher fräiwëlleger Aufgab ass et, virun allem d’Zäit tëscht dem Noutfall a bis eng Ambulanz op der Plaz ass ze iwwerbrécken, an eng Éischt Hëllef um Patient ze leeschten.

Vu Mëtt Juni bis Enn Dezember si schonn 38 Asätz vun engem Team vun all Kéiers zwee Leit gefuer ginn.

Am Kader vun enger klenger Feierstonn, huet viru kuerzem d’Marie-Louise Aulner, Buergermeeschter vun der Gemeng Fréiseng, de Pompjeeën de Schlëssel vun engem neien Asazwon offiziell iwwerreecht.

Foto Brausch R (73)

De Won gouf integral vun der Gemeng finanzéiert a steet deenen zwee Corpsen aus der Gemeng Fréiseng fir de „First Responder“-Déngscht zur Verfügung.

 Foto Brausch R (3)
Bei dëser Geleeënheet sinn och d‘Diplomer un déi 44 Laureaten iwwerreecht ginn, déi während 4 Samschdeger, vu moies 8 bis 17 Auer un engem Éischt-Hëllef-Cours deelgeholl hunn.

Foto Brausch R (75)
Organiséiert gouf dëse Cours vun de Pompjeeën Uespelt, zesumme mat der Gemeng Fréiseng an der Croix-Rouge luxembourgeoise , an ass vum Danièle Molling-Spenner ofgehale ginn.

Text: Karin Hufer