Precoce Uespelt 2016

„Den 09. Mee 2016 kruten d’Pompjeeë Besuch vun 2 Klass aus dem Precoce vun Uespelt.

100_3139

No der Visite vum Pompjeesbau hunn déi 25 Kanner begeeschtert nogelauschtert wéi si d’Pompjeesgefierer an d’Asazmaterial erkläert kruten.

P1110810

 

Natierlech war d’Freed grouss, wéi si sech zum Schluss konnten an de Pompjeescamion setzen a fir e puer vun hinne war spéitstens du kloer: “Wann ech grouss sinn, well ech Pompjee ginn!”