First Responder

Dir rufft eng Ambulanz – An d’Pompjeeë kommen! Wat ass geschitt?

IMG_0319
Vum 16. Juni 2014 un funktionéiert an der Gemeng Fréiseng e “First Responder”-Déngscht dee vun de Pompjeeë vun Uespelt assuréiert gëtt.
Hannergrond vun dëser net onbedéngt pompjeestypescher, zousätzlecher fräiwëlleger Aufgab ass et, virun allem d’Zäit tëscht dem Noutfall an der medezinescher Versuergung z’iwwerbrécken, an eng Éischt Hëllef um Patient ze leeschten.

Dëse System ersetzt op kee Fall Ambulanz a Samu. Si sinn och ënnerwee fir bei de Patient.
Rufft bei all Noutfall op den 112 un !

Den 112 decidéiert, op zousätzlech e First Responder-Team bei Iech geschéckt gëtt.

DSC_0814  DSC_0916

All Minutt zielt !
A villen Noutfallsituatiounen, wéi Bewosstlosegkeet, Häerzstëllstand oder liewensgeféierleche Verletzungen, ass de Faktor “Zäit” entscheedend fir d’Iwwerliewenschancë vum Patient. Dofir kann eng schnell Éischt-Hëllef iwwerliewenswichteg ginn.
Besonnesch bei Otem- an Häerzstëllstänn zielt d’Zäit direkt dono. All Minutt ouni Reanimatioun reduzéiert d’Chance ouni bleiwend Schied z’iwwerliewen ëm 10 Prozent.

Gëtt d’Gehir net oder net genuch mat Sauerstoff versuergt, trëtt no 4 bis 5 Minutten e bleiwende Schued an, no 10 Minutten ass an der Regel en Iwwerliewen net méi méiglech.
D’Zil vun de First Responder ass et, d’Zäitspan vum Noutruff op den 112 bis bei d’Éischt-Hëllef sou kleng wéi méiglech ze halen an domat d’Erfollegsaussichte fir d’Behandlung vum Patient ze verbesseren.

 

Firwat First Responder an der Gemeng Fréiseng ?

Liewensrettend Moossname kënne vill éischter ageleet ginn:
– Si sinn éischter op der Plaz a kenne sech an der Gemeng aus. Trotz alle Beméiungen, kann net ëmmer eng Ambulanz mat Zäit beim Patient sinn, sief et duerch d’Wiederkonditiounen, vill Asätz, asw.
Eng Ambulanz déi zum Beispill op Uespelt fiert, brauch am Normalfall op d’mannst 14 Minutten.
– Eng schnell a qualifizéiert Réckmeldung beim 112 gëtt der Noutruffzentral déi néideg Informatioune vun der Asazplaz an erméiglecht sou eng eventuell schnell Noalarméierung vu weideren Asazkräften
– D’Equipe vun der Ambulanz kann ënnerstëtzt ginn

Wie sinn d’First Responder an der Gemeng Fréiseng ?

DSC_0635
De Grupp besteet aus Fräiwëllege vum Pompjeescorps Uespelt. Si si mindestens an der Éischter Hëllef ausgebilt a kruten eng zousätzlech Formatioun zum First Responder an där ënner anerem och d’Reanimatiounsgesten an den Ëmgang mam externen Defibrillator perfektionéiert goufen.

D’First Responder sinn en Team vun 2 Persounen a ginn zesumme mat der Ambulanz an dem Samu vum 112 alarméiert.

Text: Karin Hufer